<big>K</big>ickshaw acceptéiert déi folgend XML-Elementer an Attributsnimm, Attributswäerter, an Inhalter déi mat dësen Elementer associéiert sinn:

<tt><b>Element:</b>			<b>Attributsnimm:</b>
menu           		id, label, icon, execute
separator      		label
item           		label, icon
↳action        		name
 ↳prompt       		<i>net uwendbar</i>
 ↳command      		<i>net uwendbar</i>
 ↳startupnotify		<i>net uwendbar</i>
  ↳enabled     		<i>net uwendbar</i>
  ↳icon        		<i>net uwendbar</i>
  ↳name        		<i>net uwendbar</i>
  ↳wmclass     		<i>net uwendbar</i>

					<b>Attributswäerter:</b>
action         		Execute, Exit, Reconfigure,
               		Restart, SessionLogout

					<b>Inhalter:</b>
enabled        		yes, no</tt>

Menü-IDen déi aus eidelen Zeechefolgen bestinn si gülteg, mee kënne wéi all aner Menü-ID nëmmen eng Kéier an enger Menü virkommen.

— — —

Déi folgend Menüe si gläichwäerteg a gi béid vun Openbox a Kickshaw acceptéiert.

<tt><b>(1)</b> &lt;openbox_menu&gt;

      &lt;menu id="menu1" label="Menu1"&gt;
        &lt;item label="item"/&gt;
      &lt;/menu&gt;

      &lt;menu id="root-menu"&gt;
        &lt;menu id="menu1"/&gt;
      &lt;/menu&gt;

    &lt;/openbox_menu&gt;</tt>

<tt><b>(2)</b> &lt;openbox_menu&gt;

      &lt;menu id="root-menu"&gt;
        &lt;menu id="menu1" label="Menu1"&gt;
          &lt;item label="item"/&gt;
        &lt;/menu&gt;
      &lt;/menu&gt;

    &lt;/openbox_menu&gt;</tt>

Eng Menü gëtt ëmmer an Kickshaw esou gewisen, wéi se an Openbox géif ausgesinn, esou datt dat zweet vun den zwee Beispiller méi no un engem WYSIWYG-Usaz ass. Den Nodeel ass, datt bei grousse Menüen dëst e Menüfichier zimmlech verwirrend ka maachen. Aus deem Grond späichert Kickshaw standardméisseg d'Menü ëmmer am éischtgenannten Format (dëst kann an den Optiounen geännert ginn).

Beim Späichere vum Fichier benotzt de Programm standardméisseg Tabs fir Anzéiungen, mee beim Liese vum Fichier ass et irrelevant ob sou Anzéiunge mat Espace-Zeechen oder Tabs gemaach goufen, grad wéi all Leerraum.

— — —

Eng Menü kann widderspréchlech Menüattributer enthalen, wéi am folgende Beispill:

<tt>&lt;openbox_menu&gt;

  &lt;menu id="menu1" label="outside" icon="out.jpg" execute="out" /&gt;

  &lt;menu id="root-menu"&gt;
    &lt;menu id="menu1" label="inside" icon="in.jpg" execute="in" /&gt;
  &lt;/menu&gt;

&lt;/openbox_menu&gt;</tt>

An dësem Fall folgt Kickshaw dem Beispill vun Openbox a weist den icon-Attributswäert vu bannen aus dem Basismenü, während et label an execute-Attributswäerter vu baussen aus dem Basismenü weist.
